Aus finanzielle Grënn géife se dat awer net maachen. Dofir wier et am logeschsten, d'Aarbechtszäiten ze verkierze bei vollem Loun. Zu där Conclusioun kënnt d'Chambre des Salariés op Basis vum "Quality of Work Index" dëst Joer. Dës Etüd, déi all Joer an Zesummenaarbecht mat der Uni Lëtzebuerg realiséiert gëtt, huet 2019 e besonnesche Fokus op d'Aarbechtszäite geluecht. Eng 1.500 Awunner a Frontalieren hu participéiert.
Aus der Etüd geet ervir, datt ëmmer manner Leit Deelzäit schaffen, anescht wéi am Ausland. Et géifen nach ëmmer grouss Inegalitéiten tëscht Fraen a Männer ginn, och wann d'Fraen ëmmer méi schaffen. D'Chambre des salariés stellt iwwerdeems fest, datt déi Leit, déi flexibel schaffen, disproportionell vill Iwwerstonne maachen a méi dacks net hire ganze Congé eranhuelen.
Nora Back, Presidentin CSL: "D'Intensitéit vun der Aarbecht, déi klëmmt esou vill, dass d'Leit guer keng aner Méiglechkeet hunn, fir vill méi ze schaffen, wéi dat, wat an hirem Kontrakt steet, oder wat vun hire Stonne virgesinn ass. Dat heescht, dat ass esou eng falsch Flexibilitéit, dat ass esou en artifizielle Konstrukt, wou gesot gëtt 'du bass Meeschter iwwert deng Aarbechtsstonnen', mä du kriss et am Fong guer net anescht geléist, wéi vill méi ze schaffen."
D'Dirigenten, d'Kaderen an d'Gerantë wieren déi Beruffer, bei deenen am meeschte Leit net-kompenséiert Iwwerstonne maache géifen, keng oder ze kuerz Pausen hätten an net vun hirem Congé profitéiere géifen. Wuel wier et novollzéibar, datt Persoune mat méi Responsabilitéit méi disponibel misste sinn.
Nora Back:"Mir hunn haut eng Tendenz, datt ëmmer méi de Prozentsaz u Kaderen, sougenannte Kaderen, déi mir awer e bëssen anescht definéieren, ëmmer méi klemmt. Dat heescht, si hunn op där enger Säit d'Nodeeler, dat heescht déi ganz Verantwortung oder déi ganz Flexibilitéit vun den Aarbechtszäiten, déi Disponibilitéit: ëmmer do sinn, ëmmer online disponibel sinn, ëmmer kënnen op den Telefon, op d'E-mail äntweren. Mä op där anerer Säit hu mer awer net de Virdeel, datt dat Leit sinn, déi wierklech e Pouvoir décisionel an där Entreprise hätten."
D'Chambre des salariés fuerdert méi kuerz Aarbechtszäite bei gläichem Loun, d'Handelskammer dogéint huet d'lescht Woch nach gewarnt, de Wuelstand wier laangfristeg nëmmen z'erhalen, wa méi produktiv, also méi mat manner Leit a Ressourcë géif geschafft ginn. Fir do beieneen ze fannen, bréicht et ee gesonde Sozialdialog. D'Erausfuerderungen, déi sech haut an der Aarbechtswelt géinge stellen, wieren nëmmen am Sozialdialog ze léisen betount d'Presidentin vun der CSL.
Nora Back:"Mir wëssen, der Lëtzebuerger Wirtschaft geet et gutt, d'Ekonomie dréint a mir hunn natierlech Probleemer, duerch déi nei Erausfuerderunge vun der Aarbechtswelt, déi mer mussen upaken, mä déi kënne mer nëmme gemeinsam upaken."
Aus der "Quality of Work Index"-Etüd géing kloer ervirgoen, datt d’Aarbechtsrecht net systematesch agehale gëtt – hei fuerdert d’CSL och méi Kontrolle vun der ITM.