Kongress vum MouvecoChangementer wieren néideg, fir de Risk vu Pandemien ze reduzéieren

Claudia Kollwelter
Dem Blanche Weber no missten elo Léiere gezu ginn, an och Lëtzebuerg misst säi Bäitrag leeschten.
© AFP/Archiv/Ina FASSBENDER

"Wéini, wann net elo, maache mir de Kapp op, fir géint Pandemien unzegoen, eng aner Zukunftsgestaltung, en anere Modell an d'Weeër ze leeden?" Déi Fro huet d'Presidentin vum Mouvement écologique e Mëttwoch um Kongress vun der Ëmweltorganisatioun gestallt.

Zum Deel wier verstane ginn, datt dës Pandemie net déi leschte wäert sinn, an datt de Mënsch duerch den Agrëff an d'Ëmwelt an an d'Liewensraim vun Déieren esou Pandemië mat provozéiert. Dem Blanche Weber no géif et awer leider bei deem Constat bleiwen:

Mä et kann dach net sinn, datt mir just driwwer schwätzen, wéi mir besser mat Pandemien ëmginn an net, wat mir maache kënnen, fir de Risiko ze reduzéieren, datt esou Pandemië manner oder net méi entstinn? Wéini héiere mir Stëmmen aus dem politesche Milieu, wou soen: Mir mussen eis Agrëffer an d'Ökosystemer reduzéieren, an eisem eegenen Interessi? A wéini fanne Stëmmen, wéi déi vum Weltbiodiversitéitsrot, Gehéier, dee seet, fir Pandemien anzegrenzen, bréichte mir eng fundamental Reform vum System?

Changementer wieren néideg. An do huet d'Presidentin vum Mouveco eng Partie Beispiller genannt:

Den Ubau vum Soja an de Länner vum Süden, dee mir brauchen, fir eis Béischten ze fidderen an ze vill Fleesch iesse kënnen, ass eng grouss Belaaschtung fir de Klima an d'Biodiversitéit. Dorop gehéiert eng Steier, datt d'Folgekäschten zumindest deelweis berécksiichtegt ginn an datt den Ubau a Kaf vu Soja zumindest manner attraktiv gëtt. Dat wier e kloert Signal fir eng aner Form vu Landwirtschaft, och weltwäit. A mir brauchen och bei eis eng Strategie, wéi de Véibestand bei eis ka reduzéiert ginn.

Kongress Mouvement écologique / Rep. Claudia Kollwelter

Eng aner Fuerderung vum Mouevco ass eng Steier op de Kerosin:

Well och dat verréckt Fléie vu Wuere ronderëm d'Welt mat deem enorme Blech ass net méi vertrietbar. A jo, et ass net einfach, dat a Covid-19-Zäiten ze soen, wou et der Branche schonn net gutt geet. Mä dofir ass wichteg, elo ze soen, wéi d'Branche no Covid kann ausgesinn, an awer nohalteg opgestallt sinn. An net, wéi lo op Käschte vum Klimaschutz.

Ma och d'Politik wier gefuerdert an et missten oppen Debate gefouert ginn, den Austausch mat de Leit gesicht ginn. Et kéint och net sinn, datt weider hannert zouenen Dieren Accorde mat neie Betriber, déi sech zu Lëtzebuerg sollen nidderloossen, negociéiert ginn. Et bräicht een transparent Demarchen. Och den Dossier Google ass der Ëmweltorganisatioun nach ëmmer en Dar am Aen:

Et kënnt eng Waasserpenurie op eis zou, dat ass gewosst, wëlle mir déi nach verstäerken? Wou si mir och ukomm, wa Lëtzebuerg hei wëll e Genre neien Tanktourismus opmaachen, well Google kënnt jo och wéinst eisen niddregen Energiepräisser op Lëtzebuerg. Klimaschutz, awer parallel Betriber ulackele mat niddregen Energiepräisser? Do geet eppes net op! Den Dossier Google steet duerfir fir villes méi wéi just déi eng Firma. Et steet fir Prioritéiten an Transparenz an eiser Gesellschaft.

D'Pandemie hätt dem Blanche Weber no ville Leit gewisen, datt et net sou viru kéint goe wéi bis ewell an dëst misst als Chance genotzt ginn.

Back to Top
CIM LOGO