Auto a BamChauffer liewensgeféierlech blesséiert tëscht Béiwen un der Atert a Biissen

RTL Lëtzebuerg
D'Police mellt um Freideg den Owend e ganz schroen Accident op der Streck tëscht Béiwen un der Atert a Biissen.

An der Kéier op der N22 hat e Chauffeur d'Kontroll iwwer säin Auto verluer an ass lénkerhand an e Bam gerannt. Den Auto gouf komplett zerstéiert.

De Chauffeur ass liewensgeféierlech blesséiert a gouf an d'Spidol bruecht.

D'Strooss ass blockéiert.

Weider Accidenter um Freideg

Um 16.50 Auer gouf e Kand zu Nidderkuer an der Rue de l'Eglise vun engem Auto ugestouss a blesséiert, wéi de CGDIS e Samschdeg de Moie gemellt huet.

Géint 17.10 Auer goufen 2 Persoune blesséiert, wéi en Auto tëscht Schëndels a Miersch an e Fiels gerannt ass. A kuerz virun 17.30 Auer sinn tëscht Useldeng a Béiwen un der Atert e Bus an e Camion aneneegerannt, hei gouf eng Persoun blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO