
En ass op der rietser Säit vun der Strooss ofkomm, duerch en Zong gefuer an huet sech doropshin iwwerschloen, fir dann um Daach un d’Halen ze kommen.
De Chauffer koum mat liichte Blessuren an d’Spidol. De Materialschued ass héich.
Spéider sollt sech no engem Test erausstellen, dass de Chauffer ënner Alkohol- an Drogenafloss stoung. Am Spidol krut den Automobilist du säi Fürerschäin ofgeholl.
(*An enger éischter Versioun vum Artikel stoung, dass den Accident e Samschdeg war. No Récksprooch mat der Police gouf dëst awer korrigéiert op freides, nodeems eng opmierksam Lieserin eis drop higewisen huet.)
Um Helperknapp da géint 17.30 Auer en Zeie gemellt, dass en Auto am ZickZack ënnerwee wier. Um Rouscht a Richtung Colmer-Bierg konnt d’Police den Auto stoppen. De Chauffer hat ze vill gedronk, woufir e protokolléiert gouf.