
D'Päerd war erféiert an duerchgaangen. D'Kutsch ass dobäi därmoossen hin an hier geschleidert ginn, dass de Kutscher erauskatapultéiert gouf an d'Gefier doropshin ëmgetippt ass. Hie gouf schwéier blesséiert a koum mat der Ambulanz an d'Spidol. D'Päerd ass duerno nach e Stéck weider gelaf an huet een Auto beschiedegt.