Police melltChauffeur accidentéiert mat net ugemelltem Auto an ouni Permis

RTL Lëtzebuerg
Niewent dësem Virfall zu Miersch, goufen et och Interventioune vun der Police zu Diddeleng an zu Capellen, dat well Leit staark Alkoholiséiert gefuer sinn.

E Méindeg de Moie koum et um kuerz no 8 Auer op der N7 zu Miersch zu engem net all ze schlëmmen Accident mat Materialschued, an deem just een Auto dra verwéckelt wat. Spéider huet sech erausgestallt, dass d'Gefier net ugemellt war an de Chauffeur och net am Besëtz vun engem gëltege Führerschäi war. Op Uerder vum Parquet gouf d'Gefier saiséiert an e Protokoll géint de Mann gouf vun der Police ausgestallt.

Ze vill gedronk an dunn hannert d'Steier gesat gouf sech dann ënnert anerem zu Diddeleng. Géint hallwer 9 e Méindeg de Moie gouf der Police en alkoholiséierten Auto an der Route de Luxembourg gemellt. De Chauffeur war so op e Parking vun engem Liewensmëttelgeschäft gefuer an huet dann do weider Alkohol konsuméiert. D'Police konnt de Chauffeur an den Auto dann och do untreffen an en Alkoholtest maachen. D'Resultat war bal 3 Mol sou héich, wéi de maximale Wäert. De Permis gouf agezu vun der Police a géint de Mann gouf direkt e provisorescht Fuerverbuet ausgeschwat.

Eng alkoholiséiert Automobilistin gouf et dann och an der Areler Strooss zu Capellen. Der Police ass e Méindeg fréi, um hallwer 2 en Auto opgefall, dee vun der Autobunn erofgefuer war an zimmlech lues an a Schlaangelinnen a Richtung Capelle gefuer ass. D'Police huet dunn déi blo Luuchten ugemaach mat d'Fra huet awer net reagéiert an ass weider gefuer. Eréischt wéi d'Patrull mam Gefier op d'Héicht vun der Automobilistin erugefuer war, ass d'Fra stoe bliwwen. D'Fro war offensichtlech staark alkoholiséiert, wat och den Test dono gewisen huet. Eng Bluttprouf gouf am Spidol ordonéiert, ma dës gouf awer vun der Fra refuséiert, sou dass de Permis fort war an direkt e provisorescht Fuerverbuet ausgeschwat gouf.

Back to Top
CIM LOGO