
Géint 11 Auer hat ee Won probéiert, sech aus der Kontroll ze zéien. D’Douanieren hunn doropshin d’Poursuite vum Auto opgeholl a konnten dëse schliisslech an der Route d’Esch stoppen.
Antëscht war och d’Police alarméiert ginn, déi déi zwee Leit am Auto op Uerder vum Parquet festgeholl huet. Et goufen 300 Gramm Marihuana fonnt a vun der Police confisquéiert. Bei zwou Perquisitioune goufe weider Drogen an zwou Waffe fonnt. Déi zwee Verdächteger ginn am Laf vum Mëttwochmoien dem Untersuchungsriichter presentéiert.