
Op engem Zebrasträife virun enger Rouder Luucht war de Chauffeur mat lafendem Moto hannert dem Steier ageschlof. Wou d’Beamten op der Plaz ukoumen, huet sech den Auto vum selwen a Beweegung gesat. De Chauffeur krut vun deem awer näischt mat, well hien nach ëmmer geschlof huet.
De Won ass iwwer d’Kräizung gerullt, an ass schliisslech an enger Chantiersofspärung gelant. Den Alkoholtest vum Mann war positiv. Hie misst säi Fürerschäin ofginn an et gouf ee Protokoll erstallt.
E Méindeg am spéiden Nomëtteg gouf der Police zu Steesel an der Rue Basse eng verdächteg Persoun gemellt. Wéi d’Police d’Persoun kontrolléiert huet, huet sech erausgestallt, datt si Marihuana bei sech hat. An dat net ze knapps, eng 380 Gramm goufe bei der kontrolléierter Persoun fonnt. D’Droge goufe saiséiert an de Mann gouf op Uerder vum Parquet festgeholl.