Zuele vun der AdemChômage bleift bei 4,9 Prozent

RTL Lëtzebuerg
Op den 30. November louch d'Zuel vun de Awunner, déi bei der Adem ageschriwwe waren, bei 14.622.
© RTL-Archiv

Am Verglach zum nämmlechten Datum am Joer virdrun ass dat ee Réckgang vu 610 Leit, (-4 Prozent). De Chômagetaux läit mat 4,9 Prozent awer d’nämmlecht héich, wéi nach am Oktober.

Op den 30. November louch d'Zuel vun de Awunner, déi bei der Adem ageschriwwe waren, bei 14.622.
Op den 30. November louch d’Zuel vun de Awunner, déi bei der Adem ageschriwwe waren, bei 14.622.
© ADEM

Iwwert ee Joer gesinn, ass d’Zuel vun de Leit, déi scho méi laang wéi sechs Méint no enger Aarbecht sichen, zeréckgaangen. Virun allem bei de Leit, déi méi laang wéi ee Joer gesicht hunn, gouf et mat -20,2 Prozent een däitleche Recul.

Bei den neien Aschreiwunge gëtt et dogéint eng Hausse ze verzeechnen. Am November hu sech 2.614 Residenten an der Adem ageschriwwen. Dat sinn der 354 méi, wéi nach am November 2021. Leschte Mount hu sech och 92 ukrainesch Flüchtlingen ageschriwwen.

7.325 Awunner kréien den Ament Chômage, ee Réckgang vun 3,8 Prozent iwwert ee Joer.

Iwwert de Mount November goufe bei der Adem 3.276 Posten ausgeschriwwen, eng Baisse vun 7,1 Prozent iwwert ee Joer gekuckt. Um Stéchdag vum 30. November waren 12.226 Poste fräi.

PDF: Communiqué de Presse

Back to Top
CIM LOGO