AdemChômagetaux geet an d'Luucht a läit elo bei 5,3 Prozent

RTL Lëtzebuerg
D'Zuel vun de Leit, déi op den 31. August eng Aarbecht sichen, bleift iwwerdeems stabel bei ronn 16.000, wéi d'Adem matdeelt.

Stabel par rapport zu de Méint virdrun, ma nawell sinn et 1.903 Persoune méi wéi am August 2022. Also eng Hausse vun 13,4 Prozent.

De Chômagetaux läit iwwerdeems bei 5,3 Prozent. Och d’Zuel vun den neien Inscriptioune bei der Adem geet an d’Luucht. Am August hu sech 2.509 Leit bei der Adem ageschriwwen, eng Hausse vu 6,5 Prozent par Rapport zum viregte Joer.

Bei d’Leit am Chômage sinn och eng 4.000 Persoune bäi ze rechnen, déi a Beschäftegungsmesuren dra sinn a manner an der Pai hunn.

D’Kategorien, wou déi meescht Leit hu missten an de Chômage goen, sinn d’Sekretariatsaarbechten, d’Kichen- a Restauratiounsberuffer grad wéi d’Domainer Compta a Bauen.

Aktuell sinn awer och eng 9.100 fräi Plaze bei der ADEM gemellt, eleng am August sinn der eng 3.200 nei deklaréiert ginn, dat sinn der allerdéngs 21,6 Prozent manner wéi nach virun engem Joer.

PDF: Offiziellt Schreiwes

Back to Top
CIM LOGO