Trotz de sëllege Chantieren an dem schlechte Wierder, d'Chrëschtdagsgeschäft an der Uewerstad ass gutt gelaf. An den Ae vun zwee Geschäftsleit sinn déi nei Grande-Surface mat bekanntem Numm, grad ewéi déi vill Luxusmarken en Zeeche vun Attraktivitéit vun der Stad.
Wou een nëmmen hikuckt. D'Uewerstad ass voll gepaakt mat bekannte Marken. Fir deen een eng Schan, fir deen aner eng Plus-Value.
Robert Goeres: ''D'Stad Lëtzebuerg ass eng europäesch Haaptstad. Mir hunn d'Grenzen op 20 Kilometer vun hei. Ronderëm eis, sief et vu Saarbrécken, oder aus franséischen an dem belschen Deel kommen d'Leit heihinner, well se verschidde Marke bei eis erëmfannen.''
Zum Beispill Schwäizer Markenaueren. D'Schwäizer Auerenindustrie mécht zwar nëmmen 5 Prozent vun der weltwäiter Produktioun vun Aueren aus, se generéiert awer 60 Prozent vum globalen Ëmsaz. Automatesch Aueren, eng Technik, eng Handwierkskonscht, déi ronn 500 Joer al ass. An déi net nëmmen zu München fir Schlagzeile suergt. Déi vläicht bekanntsten Auere wäre komplett ausverkaf. Verschidde sportlech Modeller verspriechen ëmmerhin e Rendement vun iwwer 100 Prozent.
Robert Goeres: ''Et ass eng Polemik, déi vun der Presse opgegraff ginn ass. Natierlech kann et sinn, dass ronderëm d'Chrëschtdeeg eng oder déi aner Auer vergraff ass, an net méi disponibel ass. Op der anerer Säit bereet ee sech awer op d'Feierdeeg vir. Mir bereeden eis op de lokale Client vir. Och no de Chrëschtdeeg kommen nach vill Leit bei eis, déi virdru keng Zäit haten akafen ze goen.''
D'Industrie vun den automateschen Aueren hätt ee Konkurrent. An zwar d'Aueren, déi mam Handy connectéiert sinn.
Vum schlechte Wieder blouf d'Groussgaass net verschount. Dofir awer vun den Chantieren. Déi maachen de Commerçante beim Krautmaart d'Liewe schwéier. Kéint ee mengen.
Pascal Zimmer: ''Ech muss soen, ënnert dem Stréch, ''against all odds'', ass et awer ganz gutt gaangen. Mir hunn e ganz gudde Chiffer gemaach a si ganz frou. Ech wär awer frou, wann et elo eriwwer wär mam Chantier, net dass d'Leit elo mengen, mir missten de Chantier hunn, fir dass et gutt leeft. Mä leider ech kann net soueren.''
D'Luxus- an d'Premiumproduite verkafe sech gutt an der Stad. D'Fro vun der Diversitéit steet op engem anere Blat.