
Wie vun der CSV der Christine Doerner hir Plaz am Schäfferot iwwerhëlt, soll bis no de Feierdeeg gekläert ginn. Genee ewéi wien an de Gemengerot noréckelt. De Christophe Anthon ass Nächstgewielten op der Lëscht vun de Chrëschtlech-Sozialen.
D'Christine Doerner ass Notaire a war ronn 20 Joer an der Beetebuerger Gemengepolitik aktiv. Während zwou Legislaturperiode war si och Deputéiert an der Chamber. D'Christine Doerner huet 68 Joer.