Domat huet d'Ombudsmann Claudia Monti e Mëttwoch de Moie gedreet. Si huet den zoustännege Chamberkommissiounen hire Rapport fir 2018 presentéiert.
Bis elo wieren d'Gemengen an de Rapporten net mam Numm genannt ginn, ma et wieren ëmmer déi selwecht Gemengen, déi géife blockéieren. Dofir géif si seriö iwwerleeën, fir dës Gewunnecht fir den nächste Rapport z'änneren. Verschidde Gemenge géifen den Ombudsmann iwwerhaapt net äntweren.
Claudia Monti:"Et sinn effektiv ëmmer déi selwecht Gemengen, déi kommen. Firwat hunn ech se net mam Numm genannt? Mir sinn e klengt Land, do mëss de net nach méi Ueleg op d'Feier, mä ech kann awer soen, dass ech wierklech am Gaange sinn, fir deen nächste Rapport z'iwwerleeën, ob et net awer vun Interêt wier, eng Kéier d'Kand mam Numm ze nennen. Ech hunn et elo dës Kéier nach net gemaach, mä wéi gesot, d'Iwwerleeung besteet, well et kann net sinn, dass gewielte Vertrieder, déi do sinn, fir hir Bierger ze representéieren, eng Kooperatioun mat enger Persoun refuséieren, déi probéiert, eng Situatioun z'arrangéieren."
Si hätt oft mat Buergermeeschter ze dinn, déi hir Kompetenzen iwwerschätze géifen a Saache verlaange géifen, déi iwwerhaapt net am Gesetz virgesi wieren.
“Mir hunn zum Beispill eng Persoun gehat, déi konnt net ageschriwwe ginn um registre communal, well hir reprochéiert ginn ass, si hätt e Bail, deen illegal wär, well eng Vente forcée op deem Haus géif leien. De Problem ass, et war ebe just de Proprietär, deen déi Vente forcée hat, deen och nach de Bail gemaach huet. An et ass dee selwechte Proprietär, deen d'Gemeng ugeruff huet "ah nee, du kanns deen net aschreiwen, well déi hunn en illegale Bail".”
An där Situatioun wier een net op e gréngen Zweig komm an d’Persoun wier schlussendlech geplënnert. En anert d’Beispill wier eng jonk Koppel déi op der Strooss war en eng Referenz-Adress beim Office social gefrot huet.
“Do hu se de Leit reprochéiert, si hätte kee Projet personel, dat heescht dir hutt, fir dass der verschidden Hëllefe kritt vun de Gemengen, gëtt de Leit ganz oft operluecht, datt se e Plan de vie mussen hunn, dass se mussen eng Perspektiv hunn, dass se mengetweegen an eng Entzéiungskuer musse goen, dass se mussen an eng Formatioun goen, wat och ëmmer. An hei ass dat och imposéiert ginn fir hinnen d'Adress de référence ze ginn. Dat ass awer illegal, wëll dat ass net esou virgesinn.”
Déi Leit hätten dowéinst véier Méint keng Sue kritt. Et kéint net sinn, datt Sans-abrien esou kujenéiert géife ginn, esou d’Mediatrice Claudia Monti.
Mat den Administratioune géif d'Zesummenaarbecht am Allgemenge besser funktionéieren, ma och hei huet d'Ombudsmann eng Rei problematesch Situatiounen opgelëscht. Zum Beispill hätt een an der Zesummenaarbecht mam Ausseministère Problemer mat der sougenannter Dublin-Prozedur, wann et drëms geet, Asyldemandeuren zréck an Italien ze schécken, well se do fir d'éischt an Europa koumen.
Claudia Monti:"Mir hunn een Urteel vum Tribunal administratif vum 3. August 2018, dat seet, dass de Minister muss kucken, ob an Italien wierklech den Acceuil vun de Migranten assuréiert ass, ob se kënne bei den Dokter goen, ob se logéiert sinn, an dat üblecht, dat een dann esou brauch. An an där hei Situatioun hat de Ministère dat net gemaach an duerfir ass dee Retour annuléiert ginn. Wéi gesot, et ass eng Decisioun, déi nach net confirméiert ginn ass, vun aneren Decisiounen. Mä et ass relativ oft, datt mer esou Situatioune kréien, dass d'Leit soen, an Italien kréien ech net déi Soinen, ech sinn do op der Strooss, ech ginn do iergendwann aus dem Foyer gehäit. An ech mengen, do misst ee wierklech och eng Kéier eng Grondsazdiskussioun féieren."
D'Ombudsmann gouf 2018 knapp 600 mol kontaktéiert, 70 Prozent vun deenen Uleie ware recevabel. Vun deenen 331 Kéieren, an deenen den Ombudsmann intervenéiert ass, kruten d'Leit 246 deels oder komplett Satisfaktioun.
D'Claudia Monti fuerdert iwwerdeems, datt den Aufgabeberäich vum Ombudsmann erweidert gëtt, esou datt si och fir privat Entitéiten zoustänneg gëtt, déi duerch ëffentlech Gelder finanzéiert ginn. Hei géif et den Ament nämlech guer keng Instanz ginn.
De Rapport vun 2018 ass iwwregens elo eréischt komm an net schonn 2019, well d'Ekipp vum Ombudsmann zejoert reorganiséiert gouf, esou d'Claudia Monti. De Rapport fir 2019 soll awer och nach virum Summer kommen.
D’Mediatrice huet awer och profitéiert, fir Fuerderungen ze stellen, Fuerderungen, déi net onbedéngt nei wieren, ma déi endlech missten ëmgesat ginn. Zum Beispill hätt de Marc Fischbach, ee vun hire Virgänger schonn 2010 gefrot, datt d’Decisioune vun de Schiidsgeriichter vun der Sozialversécherung solle public gemaach ginn.
"Well evidenterweis, déi, déi public sinn, dat sinn déi, déi se wëlle publizéieren, mee dat sinn natierlech net déi, déi eis och eventuell kéinten interesséieren. Mir hätte gären eng Transparenz, en Urteel huet public ze sinn, ech gesinn net an, firwat dass do elo e Probleem ass."
D’Kompetenze vum Ombudsmann missten och erweidert ginn op privaten Institutiounen, déi ëffentlech finanzéiert ginn, wéi Altersheemer oder Atelieren.
Wat d'Dublin-Fäll ugeet, hätt ee méi Leit hei am Land gehalen, wéi der zréckgeschéckt goufen. Dat huet den Ausseminister Jean Asselborn de Mëttwoch de Mëtteg betount.
"Et éiert d'Madame Monti, wa se sech do abréngt. Ech kann iech just soen: Mir reforméieren hei zu Lëtzebuerg Dublin net. D'Dublin-Prozedur misst a mengen Ae reforméiert ginn, fir méi Gerechtegkeet eranzebréngen, virun allem vis-à-vis vun deene Länner, wou d'Leit erakommen. An datt aner Länner, déi net un de Grenze leien, méi kéinte maache fir déi, déi op de Grenze sinn. Do gëtt et 2 Saachen: engersäits ginn op de Grenzen d'Leit duerchgewénkt an anersäits kommen d'Leit dann hei un a ginn hin an hier geheit, wat net gutt ass.", esou de Lëtzebuerger Ausseminister.
Et wier awer och evident, datt déi lescht 2 Joer, virun allem mam Matteo Salvini, ee mat Italien immens Problemer gehat hätt, huet de Jean Asselborn nach ënnerstrach.
An enger éischter Reaktioun op der Claudia Monti hire Rapport sot den DP-Deputéierten André Bauler, d’Gemenge missten nach besser informéiert a sensibiliséiert ginn. Den David Wagner vun déi Lénk huet dat anescht gesinn, d’Leit misste mëttlerweil wëssen datt et en Ombudsmann gëtt, wa verschidden Administratioune sech esou géife wiere misst een d’Gesetz iwwerschaffen.
Och de CSV-Deputéierte Gilles Roth huet fonnt, et misst nach legiferéiert ginn: d’Bierger misste méi systematesch informéiert ginn, datt si mat enger negativer Äntwert vun enger Gemeng oder Verwaltung kéinte bei den Ombudsmann goen: "Si seet, dass de Bierger muss drop opmierksam gemaach ginn, dass deen och d'Recht huet niewent engem Recours zum Beispill beim Geriicht, beim Verwaltungsgeriicht ze maachen, och d'Méiglechkeet huet fir, zum Deel onentgeldlech, sech beim Ombudsmann ze mellen. Ech menge mir sollten eis als Chamber eens ginn, fir dass een déi Méiglechkeet vum Recours beim Ombudsmann, fir déi an eng negativ Decisioun ze schreiwen, dass een dat soll gesetzlech festleeën."
Den LSAP-Deputéierte Mars di Bartolomeo dann huet sech gefreet, datt d’Zesummenaarbecht tëschent der Claudia Monti an de Mediateuren an der Educatioun an der Santé gutt funktionéiert: "Ech dreemen nach ëmmer dovun, datt bei deene wierklech exzeptionelle Fäll, déi duerch all dicht gesponnen Netzer vun eiser sozialer Gesetzgebung falen, déi wierklech esou exzeptionell sinn dass se net am Gesetz kenne virgesi sinn, dass et do esou eppes wéi eng Eenzelfallentscheedung gëtt."
Déi gréng Fraktiounscheffin José Lorsché huet iwwerdeems zréckbehalen, datt d’Kommunikatioun verbessert a virun allem déi administrativ Sprooch vereinfacht misst ginn.