Um Enn wäert et also iwwer 20 Joer gedauert hunn, bis déi ronn 600.000 Meter Carré Aarbechts-, Akafs- a Wunn-Fläch fäerdeg gi sinn. Nieft Gebaier, déi elo an de Bau ginn, ass och soss nach laang net alles, wéi de Bauhär Flavio Becca dat gären hätt. D'Bändchen ass duerchgeschnidden. Domat ass déi zweet Hallschent vum neie Quartier op der Cloche d'Or ugepaff. De Bauhär Flavio Becca an de responsabelen Ingenieur Michel Knepper hunn am Shopping Center de Salon ''move Property Expo'' ageweit an déi nächst Schrëtt vum Chantier presentéiert.
Virun allem am südlechen Deel vum Quartier sinn nach vill eidel Felder. Lues a Lues ginn d'Gebaier do an de Bau.
De Logement soll um Enn een Drëttel vun der Surface ausmaachen. 200.000 Meter Carré. Eng 6.000 Awunner – esou hofft een – kéinten da mëttelfristeg alt emol ufänke Liewen an dësen awer nach midde Quartier ze bréngen.
2025, vläicht eréischt 2030, ass alles fäerdeg. Et huet laang gedauert. D'Equippe ronderëm de Bauhär Flavio Becca hëlt och d'Stad an de Staat an d'Responsabilitéit. Den Ingenieur Michel Knepper erkläert: ''Mir stellen einfach fest, dass mir an zwou Vitessë schaffen. Ech zitéieren d'Beispill vum Park. Dee sollt scho virun zwee Joer ugefaange gi mat bauen. Op eemol gouf festgestallt, dass d'Geneemegungen net do waren.''
Ëmmerhin: Virun zwou Wochen hätten d'Aarbechte fir de Park ugefaangen. 300-350 Wunnenge géif een hei zesummen op de Marché bréngen. Och do wär ee méi séier ewéi déi parastaatlech Promoteuren. Dofir seet de Bauhär Flavio Becca: ''Mir schwätzen ëmmer vun de Präisser. Mä eent bei dat anert. D'Präisser ginn an d'Luucht, well eis Prozedure vill ze vill laang sinn. Mir missten et eng Kéier fäerdeg bréngen, déi Haaptacteuren aus dem Secteur mat de sämtlechen Autoritéiten un een Dësch ze kréien. Do misst een da kucken, d'Projeten méi séier virunzedreiwen.''
Mä da muss een och mat den Infrastrukturen nokommen. An déi sinn op der Cloche d'Or nach net komplett. Eng Ubannung un d'Autobunn feelt nach fir de südlechen Deel. Ënnerierdesch wär fir den Tram alles prett. D'Busser, d'Autoen.. de Verkéier ass nach laang net ideal gereegelt, bedauert den Michel Knepper: ''D'Anlage vun de Verkéiersluuchten zum Beispill sinn deelweis nach onglécklech geschalt. Déi verursaachen da moies e Réckstau bis op d'Autobunn. Wann een do bëssen dru schafft, kritt een och déi Problemer an de Grëff.''
De Flavio Becca gëllt als een vun de räichste Mënschen am Land, gehéiert zu de gréisste Bauhären. Wéi gesäit hien déi nei Diskussioune ronderëm d'Steiergerechtegkeet? ''Ech waarden of wat an deem Sënn vun der Regierung proposéiert gëtt. Si sinn d'Leit déi do sinn fir eng Richtung virzeginn an déi et soll goen.''
Eng diplomatesch Äntwert. Um Donneschdeg war et dem Flavio Becca net no politeschen Aussoen.