Offiziell ass “Contact Esch” eng “Salle de consommation à moindres risques”. Am Volleksmond gëtt awer och dacks vu “Fixerstuff” geschwat. En Ausdrock, deen der zoustänneger Jugend- an Drogenhëllef net gefält.
“Mir hu léiwer, wann d’Leit vu ‘Contact Esch’ schwätze wéi vu ‘Fixerstuff’, well et net sou diskriminéierend ass”, sou de Günter Biwersi, Directeur adjoint a Chef de service vun der Jugend- an Drogenhëllef. “Et soll eng frëndlech Atmosphär sinn an dowéinst hu mir och déi Porte ouverte organiséiert. Mir sinn elo zwee an en halleft Joer op a mir hunn an där Zäit verschidden Zuele geschriwwen, Leit begréisst an eng Ekipp op d’Bee gestalt, déi dat Ganzt encadréiert. Elo war et eis wichteg, d’Dieren eng Kéier fir jiddereen opzemaachen an d’Leit kucken ze loossen, wat hannert deem Ganze stécht.”
Fir dës Porte ouverte nach méi speziell ze maachen, hu si, zesumme mat hirem Noper, der Kulturfabrik, de Spektakel “La drogue (oui) (mais) à quel prix” organiséiert. Am Mëttelpunkt stoung de Clown “Michel Machin”, dee bei enger Konferenz aus dräi verschiddene Perspektiven iwwer Drogen a Consommatioun geschwat huet. Heibäi gouf de Public dann och mat agebonnen an d’Witzer u Lëtzebuerg ugepasst.
De Clown “Michel Machin” ass eng Erfindung vum Benoît Boulay, engem Educateur spécialisé aus Frankräich, dee selwer jorelaang mat Leit zesummegeschafft huet, déi consomméiert hunn. Dat Wësse spigelt sech elo a senge Performancen als Clown erëm.
Méi Informatiounen zur “Conférence de la Toxiclownmanie” ginn et hei.