Verhandlunge gi virunCNS kéint Psychotherapie vum nächste Joer u rembourséieren

Carine Lemmer
Vum nächste Joer u kéint d‘Psychotherapie hei zu Lëtzebuerg vun der Krankekeess rembourséiert ginn.

Dat sot de Minister fir d'Securité Sociale Romain Schneider den Dënschdeg de Mëtteg an der Froestonn un d‘Regierung an der Chamber. D‘Deputéiert vun déi Lénk Nathalie Oberweis hat d‘Fro gestallt.

Et géif eng grouss Urgence ginn, speziell mat den akuten, mentale Problemer bei de Kanner a Jugendlechen. D‘Therapiekäschte fir d‘Psychotherapie gi bis ewell net iwwerholl, obwuel de Beruff zanter sechs Joer unerkannt ass.

Effektiv sinn d‘Verhandlungen tëscht der CNS - der Gesondheetskees - an der Federatioun vun de Psychotherapeuten - der Fapsylux - ganz schwiereg. Zanter Mäerz gouf et awer véier Reuniounen, wou ee sech méi nokomm ass, sot de Minister Schneider.

Am November soll et nach zwou Reunioune ginn an da kann hoffentlech ofgeschloss ginn. Wann den Dossier da prioritär behandelt gëtt, kéint am Januar rembourséiert ginn, hofft de Minister Romain Schneider.

Et wär ee sech der Wichtegkeet bewosst. D‘Santé géif aktuell och un engem "Plan santé mentale" schaffen.

Back to Top
CIM LOGO