GesondheetskeessCNS-Remboursementer brauche bis zu 6 Wochen

RTL Lëtzebuerg
Et dauert aktuell bis zu 6 Wochen, éier ee vun der CNS d'Sue fir Doktesch-Rechnunge rembourséiert kritt.
© RTL Archiv

D'Gesondheetskees huet dës RTL-Informatioune confirméiert a preziséiert, datt dëst net un technesche Problemer léich, mä villméi un de ganz villen Demanden, déi aktuell musse vun de Gestionnaire beaarbecht, kontrolléiert a verschafft ginn.
Wa soss den Delai vum Remboursement tëscht 2 bis 4 Woche laang war, sou läit en aktuell an der Moyenne bei ronn 6 Wochen.

Aktuell ginn zum Beispill bei der CNS d'Doktesch-Facturen traitéiert, déi Mëtt Februar vun den Assuréen eragereecht gi waren.

Leit, déi awer héich Montanten hu misste virstrecken, kënnen ëmmer online iwwer Guichet.lu e Rendez-vous froen an de CNS-Agencen an da kréie si d'Suen do och direkt via Scheck.

En Assuré, dee Fraise virgestreckt a wou de Montant pro Haushalt mindestens 100 Euro erreecht huet, kann e Remboursement per Scheck ufroen. D'Rechnunge mussen, den Dag, wou se op der CNS am Schalter agereecht ginn, ënnerhalb vun de leschte 14 Deeg bezuelt gi sinn.

Back to Top
CIM LOGO