Wat ännert?CO2-Emissiounen zu Lëtzebuerg reduzéieren

Pierre Weimerskirch
E Freideg huet d'Regierung de sougenannte Klima- an Energiepak adaptéiert.
VIDEO: CO2-Emissiounen zu Lëtzebuerg reduzéieren - Wat ännert? / Rep. Pierre Weimerskirch (9.12.19)
Dëse Freideg huet d'Regierung de sougenannte Klima- an Energiepak adaptéiert.

Duerch dës Mesurë solle bis 2030 d'Emissiounen zu Lëtzebuerg ëm 55 Prozent reduzéiert ginn. Mat bal zwee Drëttel ass de Verkéier zu Lëtzebuerg fir de gréissten Deel vun den CO2-Emissioune responsabel. D'Landwirtschaft, d'Ekonomie an de Logement maache jeeweils knapp 10 Prozent vun den Emissiounen aus.

Mat sektorielle Mesurë solle bis 2030 d'Emissiounen ëm 55 Prozent reduzéiert ginn. De gratis ëffentlechen Transport a säin Ausbau solle weider gefërdert ginn. De Fuerpark soll bis 2030 bei 50 Prozent Elektro sinn. Iwwert de Masutt-Programm sollen d'Leit gehollef kréien, ewech ze komme vun dëser Weis, fir ze hëtzen.

An alle Secteure wëll een Efforte maachen. Dee gréissten dofir am Transport. Eng Mesure ass hei d' CO2-Steier, déi och op ville Plazen am Ausland elo agefouert gëtt. 20 Euro pro Tonn gouf dofir 2021 an Aussicht gestallt.

Ma wat bedeit dëst fir den eenzele Bierger?

E puer konkret Beispiller: Fir e Mëttelklass-Bensinner sinn et 76 Euro fir 20.000 km zousätzlech, déi ee bei de Spritkäschte rechne muss. Bei engem änlechen Diesel-Gefier sinn et 64 Euro.

D'CO2 Steier gëllt och fir d'Hëtze mat Mazout an Äerdgas. Bei 2.000 Liter Mazout sinn et 112 Euro pro Joer weider a fir 1.500 Kubikmeter Äerdgas ronn 60 Euro. Iwwert d'Steierreform solle sozial Upassungen erméiglecht ginn. D'Zil ass et, bis 2030 d'Emissiounen ëm 55 Prozent ze reduzéieren. En ambitiéist Zil, wann een op Lëtzebuerg am Joer 2005 zréckbléckt. Deemools goufen insgesamt ronn 11 Megatonnen CO2 ausgestouss, 2018 louch ee bei 9,09 Megatonnen a fir 2030 misst ee bei knapp 5 Megatonne leien. Bis dohin bleift e wäite Wee...

Back to Top
CIM LOGO