
De Germain Frantz, deen den 8. Mee 1921 zu Diddeleng op d’Welt koum, gouf 1951 Aide de Camp um Haff a blouf dat bis 1976. Ma och a senger Pensioun ass de Beruffsoffizéier als Chambellan un der Säit vum Grand-Duc Jean bliwwen, dee jo 2019 verscheet ass.
Am Zweete Weltkrich war de Jim Frantz am Alter vun 21 Joer vun de Nazien zwangsrekrutéiert ginn, ass awer 1944 desertéiert an huet sech bis un d’Enn vum Krich mat engen 120 Lëtzebuerger Jongen an enger Minière zu Nidderkuer verstoppt. Seng Krichserliefnesser huet de Germain Frantz an enger Autobiographie mam Titel “Nie wieder” verschafft, dëst, wéi hie sot, fir seng Enkelkanner.
De Germain Frantz huet säi Lycée am Stater Kolléisch gemaach, d’militäresch Ausbildung war an England an op der Ecole Royale Militaire zu Bréissel.
De laangjärege Weebegleeder vum Grand-Duc Jean ass op Liichtmëssdag am Alter vun 100 Joer gestuerwen. Eng Mass fir de Verstuerwene gëtt e Freideg zu Diddeleng an der Parkierch gehalen.