Journée nationale de la résistanceCommemoratiouns-Zeremonie beim Hinzerter Kräiz

RTL Lëtzebuerg
Erënnert gouf un 23 Lëtzebuerger Resistenzler z'erënneren, déi de 25. Februar 1944 zu Hinzert erschoss goufen.
Commemoratiouns-Zeremonie beim Hinzerter Kräiz
© RTL

Erënnert gouf un 23 Lëtzebuerger Resistenzler z’erënneren, déi de 25. Februar 1944 zu Hinzert erschoss goufen.

D’Ministesch Corinne Cahen huet bei dëser Geleeënheet ënnerstrach, datt mer ni déi Mënschen dierfe vergiessen, déi fir eis gestuerwe sinn. Fir eis Fräiheet, eise Fridden an eis Gerechtegkeet.

D’Nazie wollte mat dësen 23 Morden en Zeeche sëtzen a weider Resistenzler ofschrecken.

Am Ganze stoungen deemools 25 Mënschen op der Doudeslëscht, mä zwee Männer waren an aner Campen verluecht ginn, ier se konnten erschoss ginn.

Zwee Prisonéier vun der Lëscht, déi am Spidol louchen, waren d’Nazien souguer dohinner sichen, fir se kënnen ëmzebréngen.

Zu Hinzert hu si op d’mannst 321 Mënschen ëmbruecht. Déi Fäll kënnen alleguer beluecht ginn. No den Aussoen vu fréiere Prisonéier muss een allerdéngs vun däitlech méi Affer ausgoen.

Back to Top
CIM LOGO