
Am Mëttelpunkt stoung dëst Joer de Lëtzebuerger Generalstreik virun 80 Joer. Wéinst dem Streik Enn August an Uganks September 1942, dee sech vu Wolz aus iwwert d’ganzt Land ausgebreet hat, goufen 21 Lëtzebuerger higeriicht, 20 dovunner zu Hinzert.
Am Konzentratiounslager Hinzert ware wärend dem Zweete Weltkrich iwwer 10.000 Mënschen aus 20 Länner inhaftéiert. 321 Leit goufe vun den Nazien ëmbruecht oder sinn ënner onwierdegen Zoustänn gestuerwen. Dorënner am Ganzen 82 Lëtzebuerger.