
Elo am Abrëll war, op Grond vun enger Expertise, de materielle Schuedenersatz wéinst Akommesverloscht fir d'Witfra vum Affer op ronn 650.000 Euro chiffréiert ginn. Dogéint hat de Condamnéierten Appell gemaach, ma dëse Prozess koum nach net op en Enn.
De Me Wolfsteller, Affekot vum Veruerteelten, huet e Méindeg de sougenannte "coefficient pour besoins personnels" a Fro gestallt. D'Witfra hätt nämlech zanter 2006 eng Invaliderent kritt, déi mat enger Pai gläichzesetze wär, woufir de Montant vum Schuedenersatz op eppes méi wéi 475.000 Euro sollt erofgesat ginn. Op d'Fro hi vun der Presidentin vum Geriicht, ob d'Fra déi Invaliderent haut nach krit, huet där hiren Affekot awer "Nee" geäntwert. Fir de Me Baulisch wär et méi d'Assurance, déi hei Appell gemaach hätt, wéi de Condamnéierten, an et wär frech, dass d'Versécherung just e Minimum bezuele wéilt. D'Fra géif déi Invaliderent net bis hiert Liewensenn kréien. Villméi misst si zanter dem Summer botze goen, fir iwwert d'Ronnen ze kommen an zwar 30 Stonnen d'Woch. Hirem Affekot no sollt de Rapport vum Expert rechtsgülteg erkläert ginn. D'Situatioun vun der Fra, déi nach net sou séier an der Pensioun wär, hätt sech an der Lescht verschlechtert a sollt net nach weider zu hiren Ongonschte verschlechtert ginn. Well d'Riichterin allerdéngs gemengt huet, et misst ee "pièces à l'appui" kucken, bis wéini d'Fra déi Invaliderent krut, gouf dëse Prozess bis e Mëttwoch ausgesat.
Op strofrechtlechem Plang war de Veruerteelten am Mäerz 2015 um Dikrecher Geriicht zu 6 Méint Prisong mat Sursis, enger Geldstrof vun 2.500 Euro an engem Fuerverbuet vu 4 Joer, 3 dovu mat Sursis, condamnéiert ginn. Nieft Expertisen, déi deemools gefrot gi waren, haten d’Parties civiles sengerzäit ronn 120.000 Euro Schuedenersatz zougesprach kritt. De Condamnéierten hat viru ronn 5 Joer am fréien Owend zwee Motocyclisten iwwersinn, wouvun een net méi laanscht den Auto koum. Deen 43 Joer ale Mann um Moto war liewensgeféierlech verwonnt ginn an zwee Deeg drop gestuerwen. Den Automobilist hat zum Zäitpunkt vum Accident 1,1 Promill Alkohol am Blutt.