AppellprozessConfirmatioun vum 1. Urteel gefrot an Abréch-Affär a Butteker an Tankstellen

RTL Lëtzebuerg
An enger Affär vun Abréch war am Januar um Dikrecher Geriicht ee Mann zu 4 Joer Prisong verurteelt a waren zwee anerer fräigesprach ginn.

Abràck a Butteker an Tankstellen / Reportage vum Eric Ewald

Deenen 3 war virgehäit ginn, tëscht Dezember 2016 an August 2017 8mol a Butteker an an Tankstellen am Norden, Osten a Weste vum Land agebrach ze hunn: Dobäi waren Zigarette geklaut gi fir e Gesamtwaërt vu ronn 180.000 €. Dee Mann, dee virun 9 Méint condamnéiert gi war, sollt donieft 4 Parties civilë ronn 70.000 € Schuedenersatz bezuelen.

Um Mëttwoch war op der Cour d'appel an der Stad de Prozess an zweeter Prozess. A wann et der Vertriederin vum Parquet général no geet, da soll et bei där Strof fir de Mann bleiwen.

4 Joer Prisong wären nämlech korrekt, an de Mann hätt ë.a. wéinst de ville Faiten a senger „arroganter Attitüd“ kee Sursis zegutt. D'Vertriederin vum Parquet général sot, déi selwecht Vue op d'Affär ze hu wéi déi 1. Riichter: Et wär een dem Ugeklote v.a. duerch e GPS-Sender op d'Spuer komm. Donieft hätt et nom leschten Abroch kee weidere méi ginn, no engem reegelméissege Rhythmus virdrun; d'Police hätt deemno wuel dee Richtegen oder déi Richteg kritt gehat.

Hien hätt Appell gemaach, well hien näischt heimat ze dinn hätt, hat de Beschëllegte vu 44 Joer um Ufank vun der Sëtzung gesot. Op d'Remark hi vun der Presidentin vum Geriicht, dass de GPS-Sender, deen an enger geklautener Staang Zigarette verstoppt war, awer op hie gewisen hätt, huet de Mann erkläert, virun den zwee Prozesser ni e Fouss an de Grand-Duché gesat ze hunn. Hie wéisst näischt vun där Affär an hätt z.B. d'Kappluuchten, déi bei him fonnt goufen, fir séng Aarbecht gebraucht. „Et ass awer komesch, dass d'Abrochserie nom Intermezzo mam GPS-Sender opgehalen huet!“, huet d'Riichterin bemierkt; hie kéint näischt zouginn, wat hien net gemaach hätt, war dem Mann seng Äntwert dorop.

Nodeems 3 Affekote vun Assurancen a vun Tankstellen hir Demanden no Schuedenersatz widderholl haten, huet de Me Weinquin, Affekot vum Ugekloten, vun ongerechte Beschëllegunge géint säi Client geschwat; dobäi hätt deen ëmmer gesot, hie wär onschëlleg. Et géif kee Beweis gi fir d'Presenz vum Mann op den Abrochplazen, an hie kéint dem Geriicht keen anere presentéieren, mä säi Mandant wär et net gewiescht, e Mandant, deen op Grond vun Zweiwele sollt fräigesprach ginn.

D'Appeluerteel ass fir den 11. November.

Back to Top
CIM LOGO