
Dem erwaarte Wiessel vum Alex Bodry vun der Chamber an de Staatsrot steet sou gutt wéi näischt méi am Wee.
E Méindeg den Owend huet de Generalrot vun der LSAP nämlech unanime d'Kandidatur fir de Conseil d'État vum Nach-Fraktiounschef vun de Sozialisten am Parlament ënnerstëtzt.
De fréiere Minister huet doropshin an de sozialen Netzwierker Merci gesot, fir dat Vertrauen. Hien huet deemno elo 9 Deeg Zäit, fir seng Demande eranzereechen. Bis de 19ten Dezember muss déi dobanne sinn.
Op den 1. Januar 2020 wäert jo den Député-maire vu Suessem, de Georges Engel, schonn d'Fraktiounsspëtzt bei de Sozialisten an der Chamber vum Alex Bodry iwwerhuelen.
Noréckelen um Krautmaart dierft fir den Alex Bodry déi Nächst-Gewielten op der LSAP-Süd-Lëscht – dat wier dann d’Simone Asselborn-Bintz.