
D’Recette vum Zentralstaat chiffréiere sech um 31. Dezember op bal 22 Milliarden Euro, wat iwwer 16 Prozent méi si wéi 2020.D’Finanzministesch Yuriko Backes schwätzt e Méindeg virun den Deputéierte vun den zwou concernéierte Chamberkommissioune vun enger Sortie aus der Kris, där ee mat “Vertrauen” géif entgéint kucken.D’Depensë vum Zentralstaat louche bei 21 Milliarden - woubäi awer nach bis Abrëll dëst Joer kënnen Depensen dobäi kommen, déi dëse Chiffer da verfälschen.

Domat ergëtt sech e Budgetsiwwerschoss vun 840 Milliounen Euro fir den Zentralstaat, dee sech wéi gesot och nach ka veränneren. U sech war mat engem Defizit vun enger Milliard gerechent ginn.D’Staatsschold géif deemno net bei iwwer 29% leien, mee villméi bei nëmme 25% vum PIB.2020 huet de Staat fir Corona-Hëllefen nach 2 Milliarden Euro ausginn - zejoert ass dee Chiffer op 680 Milliounen ëm méi wéi d’Hallschent zeréckgaangen.