
Op den 18. Oktober gerechent, goufe ganzer 755.000 Dose Corona-Vaccin zu Lëtzebuerg zerstéiert, respektiv zréckgeschéckt, fir zerstéiert ze ginn. Dovu wieren eleng 591.860 Dosisse vum Impfstoff Moderna gewiescht. De Käschtepunkt vun den Dosen, déi net gebraucht goufen, läit bei knapp 16,8 Milliounen Euro.
Bal 314.000 eeler Dosen lafen iwwerdeems och nach bis Enn November of. D’Gesondheetsministesch Paulette Lenert preziséiert an hirer Äntwert, datt Lëtzebuerg jo zesumme mat der EU akaaft huet. A wär dowéinst wéi all anert Land an der EU kontraktuell gebonnen eng gewëssen Unzuel vun Dose mat anzekafen. Genau wéi an den aneren EU-Länner, wär et och zu Lëtzebuerg net méiglech gewiescht ze verhënneren, datt Flacone mam Vaccin aus verschiddene Grënn hu missen zerstéiert ginn.