Biontech a PfizerCorona-Impfstoff léisst Hoffnung opkommen

RTL Lëtzebuerg
D'Noriichten iwwert ee Corona-Impstoff vun de Pharmafirmen Biontech a Pfizer loossen och zu Lëtzebuerg Hoffnungen op eng séier Andämmung vum Virus wuessen.
Corona-Impfstoff léisst Hoffnung opkommen
D'Noriichten iwwert ee Corona-Impstoff vun de Pharmafirmen Biontech a Pfizer loossen och zu Lëtzebuerg Hoffnungen op eng séier Andämmung vum Virus wuessen.

Ma bis de Vaccin hei an d'Land kënnt, wäert et allerdéngs nach daueren. Bis ewell huet d'EU-Kommissioun e puer Liwwerkontrakter mat Impfstoff-Produzenten ofgeschloss. Donieft ass aktuell eng Course ëm een Impfstoff am Gaang. Méi ewéi 200 Betriber fuersche weltwäit un engem Impfstoff géint de Coronavirus an dobäi geet et ëm vill Suen. De Vaccin, dee Biontech zesumme mam Pharmakonzern Pfizer entwéckelt, bitt méiglecherweis méi ewéi een 90-prozentege Schutz virum Covid-19. Dëse villverspriechende Vaccin soll den EU-Memberlänner no der Zouloossung séier zur Verfügung stoen.

Nieft Biontech a Pfizer huet d'EU-Kommissioun bis ewell och Kontrakter mat aneren Impstoffproduzenten ënnerschriwwen. Dat mat Sanofi a GSK, Johnson an Johnson, grad ewéi Astrazeneca. Astrazeneca hat allerdéngs virun e puer Méint bei der Entwécklung vun engem Impfstoff mat der Universitéit Oxford e Réckschlag erlieft. Eng klinesch Etüd huet misste gestoppt ginn, well bei engem Participant gesondheetlech Problemer opgedaucht sinn.

A China gëtt zënter kuerzem testweis ee Vaccin vum chinesesche Produzent Sinovac benotzt. Iwwer 100.000 Leit goufen scho geimpft. Den US-Konzern Moderna ass bis ewell och wäit komm a bereet den Ufank vum Marché vu sengem potenzielle Corona-Impfstoff vir. Och Russland huet bis ewell Donnéeën iwwer säin Impfstoff Sputnik 5 virgeluecht, dee bis zu 92 Prozent wierksam soll sinn. Mir wollte wëssen, ob sech d'Leit hei am Land an Zukunft impfe loossen.

Onkloer bleift, ob sech fräi entwéckelt a massiv mat staatleche Sue gefërdert Corona-Vaccinen och laangfristeg behaapte wäerten. Normalerweis dauert eng Impfstoff-Entwécklung e puer Joer.

Back to Top
CIM LOGO