
Dat confirméiert d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der CSV. D’Impfdosisse wiere scho viru laanger Zäit bestallt ginn, fir op eng méiglech schwéier Covid-Well elo am Hierscht a Wanter preparéiert ze sinn, déi eng Rei Experte fir méiglech gehalen hunn.
D’Iddi wier gewiescht, genuch Impfstoff ze hunn, fir déi ganz Populatioun nach emol mat enger zousätzlecher Dosis ze schützen. Obwuel d’Regierung den zweete Booster antëscht fir jidderee vun 12 Joer accessibel ass, gëtt den Ablack just wéineg geimpft hei am Land. D’lescht Woch krute grad mol 2.800 Leit eng Sprëtz. Dobäi si 57.780 Dosisse geliwwert ginn.
D’Regierung géif alles maache fir d’Vaccinen, déi net gebraucht ginn, un aner Länner weiderzereechen. De Grand-Duché huet zanter Dezember awer och zegdausenden Dosisse Coronavaccin am Wäert vun 1,4 Milliounen Euro ewechgehäit. Eleng am Juli goufe beispillsweis méi wéi 33.000 Dosisse Moderna liquidéiert, well se ofgelaf waren.