Coronaimpfungen am Wäert vun 1,4 Milliounen Euro fortgeheit

© afp
Zanter Dezember 2021 goufen hei am Land zegdausenden Dosisse vu Coronaimpfungen ewechgehäit, dat fir e Käschtepunkt vu ganzer 1,4 Milliounen Euro.
Déi Chifferen äntwert d'Santé e Mëttwoch op eng parlamentaresch Fro vun de Piraten. Eleng am Juli dëst Joer hu méi wéi 33.000 Dose vu Moderna missten ewechgeheit ginn.
Elo am Oktober waren et méi wéi 17.000 Dose vum Pfizer-Impfstoff fir Kanner. Méi wéi 78.800 Dose goufen am ganzen zerstéiert, wéi an enger Tabell opgelëscht gëtt.
D'Gesondheetsministesch erkläert, dass d'Produzente vun de Vaccinen der europäescher Kommissioun dacks eng Mindestzuel u Vaccinen imposéieren. Souguer wann d'Länner scho genuch Vaccine bei engem Produzent bestallt hätten, si si trotzdeem de facto obligéiert, nach weider Vaccinen ze bestellen, duerch Inconnue wéi Impfbereetschaft oder Virusmutatiounen.
Moderna a Pfizer sinn iwwregens offiziell gefrot ginn, fir e Service unzebidden, fir hir Dose kënnen zeréckzehuelen a se duerno ze zerstéieren, well all Land sech iwwer d'Stockage-Capacitéite géif beschwéieren.