
Duerch déi vill Feierdeeg am Mee an déi 2 Woche Schoulvakanz virdru wieren d’Blutt-Stocken an de Spideeler staark erofgaangen. D’Croix-Rouge appelléiert dofir un d’Leit, fir an den nächsten Deeg spenden ze kommen.
Et kann een ouni Rendezvous an de Blutttransfusiounszenter um Boulevard Joseph II um Lampertsbierg goen oder am Virfeld online oder per Telefon e Rendezvous huelen. Méindes, dënschdes a freides ass vun 8 bis 16 Auer op, mëttwochs an donneschdes vun 8 bis 18 Auer. (Ausser dës Woch, well en Donneschde Feierdag ass). Méindes an dënschdes kann een iwwerdeems tëschent 8 Auer Moies a 16 Auer zu Esch-Belval an der Maison Médicale spende goen.
Weider Informatioune ginn et op www.dondusang.lu, respektiv via Telefon um 2755-4000.