2025 wier e Joer vu Widderstand gewiescht, et hätt ee sech misse wieren an et hätt ee sech och gewiert, sou d’Nora Back. D’Rechter vun de schaffende Leit, d’Gewerkschaften an de Lëtzebuerger Sozialmodell wieren ënner Drock geroden. Als staarkt Zeeche gouf natierlech d’Mobiliséierung vum 28. Juni ervirgehuewen.
Och wann d’Regierung bei de Kollektivverträg zréckgeruddert ass, bleiwen d’Resultater aus Siicht vun der CSL enttäuschend. D’Liberaliséierung vun den Ëffnungszäiten an d’Sonndesaarbecht hätten d’Aarbechtskonditioune verschlechtert, an d’Rentereform géif de System net nohalteg ofsécheren. Bei de Pensioune mee och beim Gesondheetssystem géif et kloer ëm politesch Decisioune goen, sot d’Presidentin vun der Chambre des salariés. Fir d’CSL geet dat just iwwert e staarken ëffentleche System, deen iwwer nei a solidaresch Recettë finanzéiert soll ginn, ënnert anerem duerch en Déplafonnement.
Trotz gudder ekonomescher Lag am internationale Verglach bleift d’sozial Situatioun zu Lëtzebuerg kritesch, huet d’Nora Back betount an drun erënnert, datt och d’EU-Kommissioun op den héije Chômage zu Lëtzebuerg opmierksam gemaach huet, op eng Hausse vu jonke Leit ouni Ausbildung oder Aarbecht, luese Kafkraaftwuesstem an e staarkt Aarmutsrisiko bei Kanner. Beim Stéchwuert Aarmut huet d’Nora Back begréisst, datt de Plang géint d’Aarmut endlech, no jorelaangem Waarden, virgestallt gouf. Frou ass een iwwer d’Erhéijung vum Kannergeld, allerdéngs géife Mesuren am Logement, beim Mindestloun an der Bekämpfung vun der Altersaarmut am Plang feelen.
Weider huet d’CSL eng gerecht Steierreform gefuerdert, déi héich Revenuen, Kapitalerträg a grousse Besëtz méi staark besteiert, amplaz d’Reform iwwer Kafkraaftverloschter bei de Stéit ze finanzéieren. Och d’Prioritéite vum Staatsbudget goufen a Fro gestallt, besonnesch d’Erhéijung vun de Militärausgaben am Verglach zu Investitiounen am Logement, der Bildung an dem Klimaschutz.
D’Nora Back huet dann awer och d’Roll vun der CSL an der Beruffs- a Weiderbildung ervirgehuewen a betount, datt en individuellt Recht op Weiderbildung fir all Salarié noutwenneg wier. Dofir misst ënnert anerem de Congé individuel de formatioun reforméiert ginn, d’Leit misste finanziell Moyene kréien, fir an d’Coursen ze goen an en Deel vun der Aarbechtszäit vun all Salarié misst obligatoresch der Formatioun gewidmet sinn. Am Lifelong Learning Center (LLLC) vun der Chambre des salariés goufen zejoert 15.000 Leit forméiert.
De neien Aarbechtsminister Marc Spautz huet iwwerdeems a senger Ried am Cercle ëmmer erëm op d’Wuert „Zesummen“ gepocht a betount, datt säin Zil et wier, d’Vertrauen erëm hierzestellen, well een d’Vertraue bräicht, fir gemeinsam ze diskutéieren an ze negociéieren. Hie géif seng Hand reeche fir mat de Sozialpartner ze diskutéieren an och wann dat net vun haut op muer géif goen, wier et wichteg, dat fäerdegzebréngen. Zesumme mat der CSL wiere vill Krisen an der Vergaangenheet gemeeschtert ginn, vun der Stolkris iwwer d’Finanzkris, an dat wier just méiglech gewiescht, well d’Patronat an d’Gewerkschaften zesumme mat der Politik geschafft hätten.