Enquête vum Observatoire de l'HabitatLoyeren 2024-2025 ware 75% méi héich wéi virun 2010

RTL Lëtzebuerg
D'Loyere vun de Bailen, déi an de Joren 2024-25 ënnerschriwwe gi sinn, si ronn 75% méi héich wéi déi, déi virun 2010 ënnerschriwwe gi sinn, sou eng vun de Conclusioune vun enger Enquête vum Observatoire de l'Habitat.
© RTL-Archiv

Et wier also eng däitlech Hausse vun de Loyers-Präisser an eng grouss Inegalitéit tëscht méi rezenten an laangjärege Locatairen. Dat ass eng vun de Conclusioune vum sougenannte Cadastre des Loyers, enger Enquête vum Observatoire de l'Habitat.

Vun den 28.000 Multipropriétairen, déi gefrot goufen, hunn der just 5.100 geäntwert, mee et wier déi gréisst Bestandsopnam, déi et gëtt.

D’Resultater weisen, datt 55% vun de Loyere fir Appartementer tëscht 1.000-1.750 Euro leien a 16% iwwer 2.000 Euro. Wéineg iwwerraschend stellt sech eraus, datt d'Loyeren an der Haaptstad mat groussem Ofstand op éischter Plaz leien - mat enger Median vu 25 Euro de Metercarré.

De komplette Rapport fannt Dir hei

Back to Top
CIM LOGO