Géint Geldwäsch an TerrorfinanzéierungCSSF, ABBL an CRF ënnerschreiwe Partnerschaft
D'Iwwerwaachungskommissioun vum Finanzsecteur, d'Lëtzebuerger Bankenassociatioun an d'Cellule de Renseignement Financier, wëlle verstäerkt zesummeschaffen.
Verëffentlecht: 16.09.22 17:25, Update: 15.12.25 11:27
Dëst, fir d'Lutte géint de Blanchiment a géint d'Finanzéierung vum Terrorismus ze stäerken. Dat huet d'CSSF matgedeelt. Kär-Element vun där privat-ëffentlecher Partnerschaft ass eng Plattform fir Echangen tëscht de Finanzinstituter an den Autoritéiten.