"Chamber am Ree stoe gelooss"CSV, ADR, Piraten an Déi Lénk hunn es : "Genuch!"

Joel Detaille
Pierre Jans
Et kënnt net all Woch vir, dass déi ganz parlamentaresch Oppositioun geschlosse virun d'Press trëtt.
CSV, ADR, Piraten an Déi Lénk hunn es : "Genuch!"
Et kënnt net all Woch vir, dass déi ganz parlamentaresch Oppositioun geschlosse virun d'Press trëtt.

Sie hunn es genuch. Déi 4 Oppositiounsparteien an der Chamber wëllen net weiderhin am Däischtere musse fëschen, wann et ëm d’Covid-Kris am Land geet.

Pressekonferenz Oppositioun/Reportage Joel Detaille

Et wëll een endlech konkret, fiabel an transparent Zuele vun der Regierung, wou mer aktuell mat den Infektiounen dru sinn, dat soten CSV, ADR, déi Lénk an d’Piraten e Mëttwoch an der Mëttesstonn op enger gemeinsamer Pressekonferenz.

En Happening, dee seelen genuch virkënnt. D’Roserei ass nawell grouss bei der parlamentarescher Oppositioun, et fillt ee sech am Ree stoe gelooss.

Eréischt d’lescht Woch huet d’Chamber unanime eng Motioun gestëmmt, fir ëmmer all Simulatiounen a Modellisatioune ronderëm de Virus zäitgläich mat der Regierung ze kréien.

Wouru sech awer net géif gehale ginn, sot d’CSV-Fraktiounscheffin Martine Hansen: "Mer mussen den Informatioune permanent op de Knéien norutschen a wa mer se kréien, si se nach ëmmer net koherent oder kloer. Et ass elo definitiv un der Zäit fir Transparenz am Dossier, well eis Infektiounszuele sinn den Ament wierklech dramatesch. An dofir brauche mer Léisungen."

Wourunner ee jo och wéilt matschaffen, mä ouni Zuele wier dat fir d’Chamber net dran. Vill ze vill Froe géifen opstoen, fënnt och de Marc Baum vun déi Lénk, beispillsweis bei den ominéisen Infektiouns-Clusteren.

"Etgëtt ëmmer nees gesot vun der Ministesch a vum Premier: déi Haapt-Clustere sinn am Privaten. Mä mer kënnen et net novollzéien, well mer keng Zuelen hunn. Wéi gesäit et aus mat méigleche Clusteren an der Aarbechtswelt oder am Horesca-Beräich. Do wësse mer näischt ausser mëndlech Aussoe vun der Ministesch „do wier et net sou schlëmm wéi am Privaten“."

Wou si mer dann elo drun, froen déi 4 Parteie sech. Natierlech och mat Bléck op en Donneschdeg, wann an der Chamber d’Extensioun vum Covid-Gesetz soll gestëmmt ginn.

"Wat eis interesséiert, ass: mir hu jo dat Gesetz hei geschriwwen op Basis vun Zuele vu virun 2-3 Wochen. Sinn déi Donnéeën iwwerhaapt nach fiabel, op Basis vun där Schinn, déi virun 3 Wochen virgezeechent gouf."

An och de Gast Gibéryen vun der ADR huet es sat. Hien hätt d’Gefill, dass d’Regierung nach ëmmer mengt, dass een am Etat de crise wär an d’Regierung sech dofir iwwert d’Chamber kéint ewechsetzen.

"ET geet elo duer. Mir hätte gär als Parlament all Informatiounen, déi mer brauchen. D’Chamber ass den éischte Pouvoir am Land an d’Parlament, dat elo muss iwwert déi Gesetzer do muss decidéieren, brauch och all Informatiounen, déi néideg sinn. Wann dat net de Fall ass, da gëtt et eng schwiereg Zäit am Parlament. Wann d’Regierung net seet, wou déi Clusteren do hierkommen, dann ass der „Gerüchteküche“ am Land keng Grenz méi gesat."

An dat misst een als Regierung onbedéngt evitéieren. Déi 4 Parteie sote sech iwwerdeems prett, fir iwwert de ganze Summer iwwer, wann néideg, weider u Gesetzesadaptatiounen ze schaffen. Awer da w.e.g mat transparenten Donnéeën.

Back to Top
CIM LOGO