JonglënsterCSV-Buergermeeschter Romain Reitz geet net méi mat an d'Gemengewalen

RTL Lëtzebuerg
Romain Reitz geet no 20 Joer an der Gemengepolitik, dovunner aacht Joer als Buergermeeschter vun der Gemeng Jonglënster, net méi mat an d'Walen.

De Romain Reitz begrënnt seng Decisioun domat, méi Zäit mat enger Famill a senge Frënn verbréngen ze wëllen.

Den neie Spëtzekandidat vun der CSV ass den aktuelle Schäffe Raphaël Schmitz. Viru knapps engem Joer war den 48 Joer ale Politiker fir d’Françoise Hetto als Schäffen nogeréckelt.

PDF: Jonglënster

Back to Top
CIM LOGO