
Iwwer eng Motioun vum CSV-Deputéierten ass e Mëttwoch an der zoustänneger Chamberkommissioun diskutéiert ginn. De Paul Galles fuerdert en "Observatoire des inégalités“.
Dee géif ganz genau déi vill Donnéeën iwwer Aarmut a Räichtum zu Lëtzebuerg zesummefaassen, och iwwer aner Inegalitéiten, och kloer Indicateuren ausschaffen, datt ee wéisst, wou een drun ass. Well am Moment gëtt ëmmer relativéiert, net seriö geholl, hannerfrot, wat wëssenschaftlech zwar korrekt ass, mä politesch guer näischt bréngt. Dat heescht en Observatoire, deen déi Donnéeën interpretéiert an de Politiker seet: dat do sinn déi Beräicher, wou gehandelt misst ginn. Zum Beispill am Beräich Aarmut, Educatioun, Aarbecht a Chômage, wéi eng Altere si betraff, wou wunnen déi Leit. Datt een e Gesamtiwwerbléck kritt iwwer d'Inegalitéiten zu Lëtzebuerg. Well mir mengen, dat gëtt dat haaptsozialpolitescht Thema an den nächste Joren.
D'Ministesch Corinne Cahen sot an der Chamberkommissioun, sou eppes géif et scho ginn, mam „Observatoire de la politique sociale“, dee mam REVIS-Gesetz gestëmmt gouf.
Dat wären awer virun allem Beamten aus dem Ministère an dee géif just aktiv ginn, wann e gefrot gëtt, bedauert den CSV-Deputéierten. Deen Observatoire misst och agéieren, net just reagéieren, an all Joer e Rapport erausbréngen. Et géif méi gebraucht ginn.
D'Inegalitéite wären dat Thema an den nächste Joren.