Verschäerfung vum Lockdown?CSV fuerdert an urgenter parlamentarescher Fro Opklärung

Annick Goerens
E Freideg war ënner anerem d'Regierung beieneen, fir de Point ze maachen iwwer den Ëmgang mam Coronavirus. Weider Detailer goufen et dozou awer net.

Den Aussoe vun der Gesondheetsministesch hei op RTL no, ass een haarde Lockdown an der Lescht awer ëmmer méi probabel ginn. De Wirtschaftsminister Fayot hat och am RTL-Interview confirméiert, dass an dem Fall de Commerce viséiert wär an och an der Educatioun goung dës Woch e Newsletter un d'Personal den op eng méiglech Verlängerung vun der Chrëschtvakanz oder Homeschooling kéint hindeiten.

Well et awer keng weider Detailer nom Regierungsrot gouf, huet d'CSV e Freideg den Owend Kloertext fir d'Bierger an d'Parlament gefuerdert an eng urgent parlamentaresch Fro un de Premier gestallt, wou genee dës Froe iwwert eng presuméierte Verschäerfung vum Lockdown gestallt ginn.

Am Regierungsrot goufen dofir awer eng Rei Gesetzesprojeten decidéiert. Ënner anerem ginn d'Hëllefe fir professionell Kënschtler an Intermittents du spectacle ëm zwee Méint, bis Enn Februar nächst Joer verlängert, well si duerch de Lockdown jo net esou schaffe kënnen, wéi dat soss de Fall ass. Och de Fonds de relance fir den Tourismus gëtt ëm véier Méint bis Mäerz nächst Joer verlängert.

Donieft gouf e Gesetzesprojet ugeholl, deen de gesetzleche Kader vum Radio 100,7 reforméiere soll. Esou sollen d'Missioun als ëffentleche Medium definéiert, d'Onofhängegkeet gestäerkt an d'Finanzéierung ofgeséchert ginn.

Hei déi komplett parlamentaresch Fro vun der CSV!

Pressemitteilung

CSV fordert Klarheit von Regierung über Lockdown

„In den vergangenen Tagen und Stunden haben sich die Äußerungen von Regierungsmitgliedern über eine mögliche Verschärfung der geltenden Covid-Maßnahmen gehäuft. Vor allem was einen möglichen Lockdown angeht. Wir fordern die Regierung auf, mit den Bürgern und auch mit dem Parlament Klartext zu reden“, so die CSV-Fraktionsvorsitzende Martine Hansen am Freitag.

In diesem Sinne stellte die CSV am Freitagnachmittag eine parlamentarische Dringlichkeitsanfrage an Staats- und Premierminister Xavier Bettel. Die Kernfragen dabei lauten: Wie sehen die genauen Kriterien der Regierung aus, anhand derer der angedachte Beschluss eines harten Lockdowns gefasst wird? Mit welchen Maßnahmen haben die Bürger zu rechnen?

„Wir sind der Ansicht, dass sowohl die Menschen als auch das Parlament ein Anrecht auf Klarheit in dieser zentralen Frage haben sollten“, so Martine Hansen abschließend.

(mitgeteilt von der CSV-Fraktion, 18.12.2020)

Back to Top
CIM LOGO