
En Text, wou am Fong näischt Neits dran ass, ausser eng eventuell Ouverture vun den Terrassen de 7. Abrëll, ënner Konditiounen.
De Piraten-Deputéierte Sven Clement kritiséiert virun allem de Regëster vu Clienten, deen d'Caféen a Restaurante solle féieren. Dee Regëster wier entweder onkomplett, géing am Zweiwel näischt bréngen a wier am Fong just eng „Deko" fir ze weisen, et hätt een eppes gemaach.
D'Iddi, d'Terrassen erëm opzemaachen, wier dem Sven Clement no „eng éischt Ouverture", also éischter eng gutt Saach. Och d'CSV fënnt et „sanitär vertrietbar", datt d'Terrassen erëm kënnen opmaachen. Allerdéngs missten d'Konditioune stëmmen, sou och hei de Constat. De Rapporter vum Gesetz, den LSAP-Deputéierte Mars Di Bartolomeo huet dorops hi verséchert, déi Remarke wiere bei de Responsabele vun der Santé gutt ukomm an et géing gekuckt ginn, ob Prezisioune kommen.
Den CSV-Deputéierte Claude Wiseler, deen huet awer nach vill méi bedauert e Freideg, datt d'Regierung am neie Covid-Gesetz „e Couvre-feu bäibehält, dee schonn zanter Méint kee Sënn" méi géing maachen. Den zentrale Problem wier awer, datt am Gesetz kee Wuert wier iwwert d'Impfungen, d'Tester oder d'Antikierper. D'CSV fuerdert jo eng Zort grénge Pass, deen et géing erlaben, sécher a sënnvoll erëm "opzemaachen". Am neie Gesetz wier nach ëmmer keng Spuer vun enger „Exit-Strategie". „Wat maache mir dann anescht wéi eng Exit-Strategie?", äntwert de Mars Di Bartolomeo op déi Kritik. „Vill testen, vill schnelltesten a vill vaccinéieren, dat ass déi beschte Strategie, déi eenzeg Strategie, fir definitiv aus där Sauerei do erauszekommen", sou de Rapporter.
Den Deputéierte Claude Wiseler huet och nach bemängelt, datt de Passage iwwert d'Educatioun, dee beim leschte Gesetz erausgeholl gouf, net nei op de Leescht geholl gouf. E Freideg 8 Deeg muss spéitstens dat neit – eeleft - Covid-Gesetz gestëmmt ginn, den 3. Abrëll ass nämlech dat aktuellt net méi a Kraaft . Den Avis vum Staatsrot war dës Kéier ganz séier do an et ass och keng Opposition formelle dran.
