D'Fraktiounscheffin Martine Hansen an den Deputéierte Marc Lies hunn d'Léisungspiste vun der Oppositiounspartei e Freideg de Moie presentéiert, dat, den Dag nodeems de Logementsminister Henri Kox der zoustänneger Chamberkommissioun déi grouss Linne vum neie Pacte Logement presentéiert hat. Fir d'CSV misst d'Regierung virop abordabele Wunnraum schafen. Dofir misst et schonn e Paradigmewiessel gi bei Erweiderunge vum Bauperimeter, sou de Marc Lies.
Dës 30 Prozent missten der ëffentlecher Hand fir en adequaten Präis verkaaft ginn an déi misst dann och bauen. Jonk Leit missten der CSV no an Zukunft d'Méiglechkeet hunn, en Objet fir d'éischt ze lounen an eréischt méi spéit ze kafen, dat am beschten iwwert e Bail emphythéotique. Donieft missten d'Privatinvestisseure mat an d'Boot geholl ginn, dat mat engem attraktive Betrag, op deem keng TVA bezuelt muss ginn an héije Subsiden.
De Bëllegen Akt soll vun 20.000 op 50.000 Euro eropgoen, fuerdert d'CSV. De Bauperimeter soll grondsätzlech opgemaach ginn, d'ëffentlech Hand misst massiv Bauland akafen, et misst méi dicht an héich gebaut ginn an eng Spekulatiounssteier wär net méi ze verhënneren, seet d'Martine Hansen, an zwar eng, déi effizient wierke soll.
Fir d'Bauzäiten ze reduzéieren, proposéiert d'Martine Hansen, fréier Héichschoulministesch, d'Handwierk vun der École fondamentale un nees ze fërderen. D'Lëtzebuerger Handwierkerfederatioun bedauert jo, dass et hei am Land massiv un Nowuess feelt.
D'CSV hofft, dass d'Regierung hir Proposen opgräift. Et si Proposen, déi awer iwwert de Beräich vum Pacte Logement 2.0, der nächster Konventioun tëscht Gemengen a Staat, erausginn. Ufank Dezember soll dee jo an der Chamber debattéiert ginn.
