D’CSV schéisst sech weider op d’Familljeministesch Corinne Cahen an a fuerdert politesch Konsequenzen wéinst der héijer Zuel un Doudegen an den Alters-a Fleegeheemer. D’Corinne Cahen hätt an der Gestioun vun den Alters- a Fleegeheemer hir Aarbecht net gemaach, Saache vertuscht an ëmmer deenen aneren d’Schold ginn, sou den CSV-Deputéierte Michel Wolter op enger Pressekonferenz.
Hie fuerdert kee Récktrëtt, mee huet erkläert, et kéint sinn, datt an den nächsten Deeg Membere vun der Majoritéit géingen agesinn, datt ee misst den „Titulaire“ wiesselen. Fir d’CSV wier d’Corinne Cahen „ganz kloer“ net méi drobar. Besonnesch den Ëmgank mat Informatioune wier „wierklech net normal“ gewiescht. Am November krut d’Chamber - dem Michel Wolter no vläicht net gewollt - een Dokument, wou vill méi präzis detailléiert ass, wou genee eng Persoun gestuerwen ass an dorausser géing ervirgoen, datt méi Leit aus Altersheemer gestuerwe wieren, ewéi dat bei de reguläre Publikatiounen duergestallt gëtt.
De Michel Wolter, mat op senger Säit d’CSV-Fraktiounscheffin Martine Hansen an den Deputéierte Claude Wiseler, huet méi ewéi 40 Minutte laang déi Kriticken a Fuerderungen widderholl an developpéiert, déi hie schonn en Dënschdeg hei op RTL gemaach huet. Nieft enger nationaler Strategie fir Alters- a Fleegeheemer an nieft enger onofhängeger Enquête iwwert d’Clustere freet d’CSV ënnert anerem, datt direkt Schnelltester fir all d’Mataarbechter vu Seniorenheemer zur Verfügung gestallt ginn. Donieft misst eng „gréng Kaart“ agefouert ginn fir Personal an den Alters- a Fleegeheemer, wou drop steet, ob ee geimpft ass, en negativen Test oder Antikierper huet. Op d’Fro, ob hien, de Michel Wolter, d’Situatioun an den Altersheemer net géing méi schwaarz molen, ewéi se ass an d’Mataarbechter all culpabiliséiere géing, huet hie geäntwert, datt wann een an engem Secteur schafft, wou ee Kontakt mat vulnerabele Leit huet, een da méi Verantwortung hätt.
An op d’Fro, ob d’CSV net géing eng tragesch Situatioun ausnotzen, fir vun den eegene Problemer an der Partei ofzelenken, huet de Michel Wolter geäntwert, hie wier a senge 40 Joer an der Politik ëmmer dovunner ausgaangen, datt hien Deel vun der Léisung wier. „Soss brauch ech keng Politik ze maachen, sou den CSV-Deputéierten.

