D'CSV-Fraktioun fënnt a punkto Logement nawell däitlech Wierder. Bannent de leschte 7 Joer hätt d'Dräier-Regierung allzäit kee Rezept fonnt, fir d'Problematik an de Grëff ze kréien. De Pacte Logement 2,0 géing dorunner leider glat a guer näischt änneren. Au Contraire, et géing een zwar vill Annoncen héieren awer wéineg Konkretes, fënnt den CSV-Deputéierte Marc Lies no der Lecture vum Projet de Loi, deen a sengen Aen carrémment e Schratt no hanne wier:
Ech si sauer a rosen fir d'Analyse an de Constat ze maachen, datt de Pak éischter de Wunnengsbau verhënnert.
Theoretiker hätten dat Dokument ausgeschafft. Et wier e Pakt géint d'Gemengen, déi manner Sue kréichen an déi elo mat lokalen Aktiounspläng ze kämpfen hätten ...
... wat näischt anescht ass wéi en Opmaache vum PAG, wat also keng simplification administrative ass, mä just de Contraire.
Dernieft géing de Pacte iwwerhaapt net definéieren, wat iwwerhaapt „Logement à coût modéré“ soll sinn. Wéi soll de Potentiel foncier bannent dem Perimeter mobiliséiert ginn? Och do géing den Text keng Äntwerte liwweren. Dobäi hätten d'Gemenge grad op deem Punkt mat schwéierfällegen administrativen Demarchen ze kämpfen:
Wa mer haut schonn do sinn, datt wann d'Naturschutzgesetz eis seet, datt wa bannent dem Perimeter eng Heck steet, e Bam eng Fliedermaus oder e Villchen do flitt ...
Mir kënnen net bauen, dat ass eng Katastroph an dat misst onbedéngt ugepasst ginn.
All Iddi vun der Oppositioun géing refuséiert ginn, bedauert déi gréisst Oppositiounsfraktioun. D'CSV fënnt zum Beispill Citéë mat sougenannten „Tiny houses“, also Mini-Haiser net schlecht.
Soss plädéiert ee bei deenen Orangë fir eng kloer Erweiderung vum Perimeter a fir d'Aféierung vun enger nationaler Spekulatiouns-Steier, bei där natierlech misst differenzéiert ginn. Et wier awer d'Spekulatioun déi mat-responsabel wier, datt d'Präisser sou géinge fort lafen.
D'Fraktiounscheffin Martine Hansen mat Zuelen...
... wou mer gesinn, datt tëschent 2013 an 2020 an der Stad Lëtzebuerg de Verkafspräis pro Quadratmeter ëm bal 64% an d'Luucht gaangen ass.
En Eegenheem fir jonk Famillje misst op alle Fall weider méiglech sinn zu Lëtzebuerg, sou d'CSV.
De Pacte Logement 2,0 awer wier eng Mogelpackung, en Trauerspill.
D'CSV wëll, datt de Logement zur Chefsaach gemaach gëtt. An der Ried zur Lag vun der Natioun géing ee sech Äntwerte vum Premier Xavier Bettel erwaarden.