
D’CSV an d’ADR sinn net méi Member am Nationalen Aktiounscomité géint d’Atomkraaft. Dat war e Mëttwoch de Moien aus engem Communiqué vun deene Grénge gewuer ze ginn.
Op Nofro erkläert den CSV-Deputéierte Claude Wiseler, d’CSV wier net ausgetrueden, mä et hätt een temporär d’Memberskaart net bezuelt. D’Entscheedung wier beaflosst vum Risk vun der Energieknappheet an den héijen Energiepräisser. Sujeten, déi e reelle Problem wieren. Dofir misst een elo fir eng Iwwergangszäit no allen Alternative kucken, och no enger Verlängerung vun der Lafzäit vun aktuellen Energiezentralen. Kuelenzentralen nees opmaachen, wier nämlech net akzeptabel.
De Claude Wiseler mécht awer och kloer, datt d’Positioun vun der CSV nach ëmmer géint d’Atomenergie a fir de Klimaschutz ass, mä et wéilt een eng realistesch Politik maachen, fir d’Leit net op där Zilsetzung ze verléieren. Dofir bräicht een d’Diskussiounen iwwert dee Sujet.
“Mir sinn nach wie vor géint Atomenergie. A mir sinn der Meenung, datt sou schnell wéi méiglech soll gekuckt ginn, datt mer op alternativ Energien ëmstellen. Par contre soe mer awer och, datt dat haut nach net de Fall ka sinn. An datt mer eng Iwwergangszäit brauchen. An elo ass et sou, datt notamment den Ukrain-Krich eis an eng Situatioun bruecht huet, déi net evident ass, wou mer riskéieren, am Wanter e reellen Energiemangel ze kréien. Wou d’Energiepräisser och massiv kënnen an d’Luucht goen. An do soe mer fir déi Iwwergangszäit an haaptsächlech fir déi schwiereg Zäit, déi mer elo an den nächste Méint, an den nächste Jore wäerten hunn, wär et nach sënnvoll, no allen Alternativen nach ze kucken an och eventuell sech z’iwwerleeën, ob eng Verlängerung vun aktuell bestehenden Energiezentralen, déi sollen ofgeschalt ginn, net e puer Joer kënne weiderlafen, fir eis iwwert déi schwiereg Zäit do ewechzehëllefen.”
De Claude Wiseler seet sech och prett, fir mam Aktiounscomité ze diskutéieren. Moralpriedegte wieren zu dësem Ament awer net ubruecht. D’CSV wier och bei deene gewiescht, déi sech am Europaparlament dogéint ausgeschwat haten, fir Atom a Gas am Kader vun der Taxonomie als nohalteg Energiequellen ze klasséieren.
D’ADR huet hirersäits d’Memberschaft mat dem Aktiounscomité géint d’Atomkraaft gekënnegt a wëll just nach punktuell bei der Fro vun der nuklearer Sécherheet zesummeschaffen. Den Deputéierte Fernand Kartheiser fënnt, datt déi technologesch Evaluatiounen, déi et och um Niveau vun der Atomkraaft an de leschte Jore ginn hätt, net berécksiichtegt géinge ginn. Doriwwer eraus wier awer och e verännert Ëmfeld an der Energiesécherheet, zum Beispill Problemer an de Liwwerketten an de Krich an der Ukrain, mat ze berécksiichtege bei der Decisioun vun der ADR.
D’Prioritéit vu senger Partei wier, datt d’Land kéint normal funktionéieren an d’Energiesécherheet vun de Bierger garantéiert wier. Dem Aktiounscomité seng Positioun wier dofir awer ze radikal.
De Paul Polfer, Koordinator vum Aktiounscomité géint d’Atomkraaft, gesäit d’Ziler vun dësem awer net als radikal an zielt se op: grenzno Atomkraaftwierker sollen zougemaach, en Energiekonzept fir d’Land ouni Atomkraaft ausgeschafft an all Invest vun der Regierung an d’Atomkraaft ënnerbonne ginn. Hien ass iwwerzeegt, datt och anescht d’Energiesécherheet ka kuerzfristeg garantéiert ginn.
D’Decisioun vun de Parteie wier bedauerlech, sou de Paul Polfer, deen nach op e Revirement hofft. D’Atomenergie wier nämlech keng Bréckentechnologie, wéi d’CSV an d’ADR behaapten. Nieft den Auswierkungen, déi dëst op d’Ëmwelt huet, géingen et nämlech och geopolitesch Bedenke ginn.
Och d’KPL an de Landesverband goufe provisoresch vun der Memberslëscht vum Aktiounscomité géint Atomkraaft erofgeholl. Dat, well déi Responsabel vun hinne keng Réckmeldung kruten. Domadder huet den Aktiounscomité den Ament nach ronn 25 Memberen.