
En Donneschdeg géint 18.20 Auer ass tëscht Buerglënster a Gonnereng e Cyclist an eng Mauer gerannt a gouf dobäi blesséiert.
Den Asazzenter an d'Ambulanz vu Jonglënster, grad wéi de Samu aus der Stad goufen op d'Plaz geruff.
Op der A7, tëscht Colmer-Bierg a Schieren hate sech en Donneschdeg géint 17.30 Auer 2 Autoen ze pake kritt. Eng Persoun gouf blesséiert.
Hei waren d'Asazzentere vu Biissen, Colmer-Bierg a Schieren op der Plaz, grad ewéi d'Ambulanz vu Lëntgen.
Um Freideg de Moie géint 7 Auer krute sech op der N12 vun Heesdref op Féitsch zwee Autoen ze paken, dobäi goufen zwou Persoune blesséiert. Am Asaz waren d'Ambulanze vun Ëlwen a Wolz an den Asazzenter vu Wëntger.
Géint 9 Auer ass um CR 121 vu Präiteler-Bréck an de Blummendall een Auto op d'Kopp gaangen, dobäi gouf eng Persoun verwonnt. D'Ambulanz aus der Fiels an den Asazzenter vu Konsdref waren op der Plaz.