ZeienopruffCyclist schléit Automobilist an d'Gesiicht

RTL Lëtzebuerg
Den 30. Juli war et an der Rue de la Gare zu Kënzeg géint 11.30 Auer zu engem Sträit tëscht engem Vëlosfuerer an engem Automobilist komm.
© RTL-Grafik

No enger verbaler Ausernanersetzung hat de Cyclist dem Affer, dat an engem wäisse Landrover souz, duerch déi oppe Fënster mat der Fauscht an d'Gesiicht geschloen a war du fortgefuer.

De Vëlosfuerer huet franséisch geschwat, war zirka 50 Joer al, vu grousser a korpulenter Statur. Hien hat rout Vëlosgezei un, ee wäissen Helm a war mat engem Coursevëlo ënnerwee.

Geschitt ass dat Ganzt den 30. Juli géint 11.30 Auer an der Rue de la Gare zu Kënzeg.

Persounen, déi de Virfall gesinn hunn an Hiweiser dozou kënne ginn, si gebiede sech bei der Police Nidderkäerjeng/Péiteng ze mellen. Dëst entweder ënnert der Telefonsnummer (+352) 244-561000 oder per E-Mail police.bascharagepetange@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO