
Grond heifir war e Cyclist, deen e Malaise wärend sengem Tour gemaach hat. Wéi d'Police schreift, hat de Mann aus Holland wuel en Häerzinfarkt an ass nach op der Plaz gestuerwen. De First Responder, Samu, d'Ambulanz an d'Pompjeeë waren nieft de Policebeamten am Asaz.