CGDISCyclist zu Steebrécken ugestouss, Camion a Flamen zu Esch

RTL Lëtzebuerg
Wéi de CGDIS um Méindeg de Moie matdeelt, gouf e Sonndeg den Owend géint 18 Auer zu Steebrécken an der Grousstrooss e Cyclist ugestouss.
© Police

Eng Persoun gouf blesséiert. D'Ambulanz vun Esch war op der Plaz, grad ewéi d'Pompjeeë vu Monnerech.

An zu Esch um Boulevard Charles de Gaulle hat kuerz virun 20.30 Auer e Camion Feier gefaangen – hei blouf et beim Materialschued. D'Ambulanz an d'Pompjeeë vu Suessem/Déifferdeng, grad ewéi d'Pompjeeë vu Schëffleng waren am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO