Feier zu SchëfflengDaach vun engem Haus huet gebrannt

RTL Lëtzebuerg
D'Avenue de la Libération zu Schëffleng war en Dënschdeg de Moie gespaart, well vis-à-vis vum Supermarché d'Gespär vun engem Haus gebrannt huet.
© Domingos Oliveira

Wéi et géint 11 Auer vun der Plaz geheescht huet, wier d’Feier ënner Kontroll, ma nach net ganz aus. Blesséiert gouf dem CGDIS no keen.

RTL-Informatiounen no hätt e Gebai gebrannt, wat als Logement social soll amenagéiert ginn. Hei hätten awer nach keng Leit gewunnt. D’Awunner aus dem Nopeschgebai, eng 12 Leit, misste relogéiert ginn.

Eng Ambulanz vun Esch an d’Pompjeeë vu Schëffleng, Esch, Suessem-Déifferdeng, Keel, Rëmeleng, Péiteng, Lëtzebuerg a Monnerech waren op der Plaz.

Feier Schëffleng (Video RTL Mobile Reporter)
Februar 2023

Back to Top
CIM LOGO