
Géint 22.30 Auer gouf de CGDIS alertéiert, dass den Daach vun engem Hotel géif a Brand stoen, dat als Residence ëmfunktionéiert gi war.
Eng 88 Pompjeeë ware quasi déi ganz Nuecht mat de Läschaarbechten amgaangen, fir ze verhënneren, dass d’Flamen op d’Nopesch-Gebaier iwwersprangen. D’Waasser gouf deels aus Schwaarzer Iernz eriwwer gepompelt, firwat d’Strooss och ganz gespaart gouf. Och eng Dron koum an den Asaz, fir d’Feiernäschter ze detektéieren.
Eng Persoun hat vum drëtte Stack aus musse mat der Dréileeder a Sécherheet bruecht ginn. 3 Leit koumen am Ganzen an d’Spidol.
38 Leit sinn an dësem Gebai ugemellt. E Mëttwoch den Owend waren 22 Persounen zur Zäit vum Feier am Haus. An enger 1. Phas goufe si an der Sportshal vu Beefort ënnerbruecht. D’Jugendherberg këmmert sech ëm d’Iesse fir d’Leit.
Eng Enquête vun der Police leeft. Dat fréiert Hotel bleift bis op Weideres onbewunnbar.