
D‘Acquise wiere fragil. 60% vun den Affer vun haislecher Gewalt wiere Fraen, soen Déi Lénk. Et hätt ee Lacunnen an der Gesetzeslag identifizéiert a festgestallt, datt et géing un Donnéeë feelen. Et wier ze bedaueren, datt parlamentaresch Froe vun der Deputéiert Nathalie Oberweis nach net beäntwert wieren.