
Mesuren, déi decidéiert gi waren, haten en enormen Impakt op déi ganz Gesellschaft, Fräiheete goufen ageschränkt. Eng Enquêtëkommissioun misst d’Moossnamen an hir Applikatioun iwwerpréiwen, schreift d’ADR an engem Communiqué. D’Patientevertriedung huet och schonn esou eng Enquêtëkommissioun gefrot.